Gratis Helpline 24h/24,7D/7
Fixe : 8002 4321
Mobile : 4321


Praktesch Informatiounen

Mäi Kredit fir Kommunikatiounen opruffen

Egal ob Dir zu Lëtzebuerg oder am Ausland sidd, wielt *110# fir gewuer ze ginn, wéi héich Ären TIPTOP-Kredit ass. Déi entspriechend Zomm gëtt dann um Écran vun Ärem Handy affichéiert.

Meng TIPTOP-Kaart erëm oplueden

Et ass ganz einfach fir Är Kaart gratis zu Lëtzebuerg oder am Ausland erëm opzelueden : wielt *121* a gitt duerno de Code mat 12 Zifferen an, zum Schluss dréckt Der dann de Knäppchen #.

Zum Beispill : *121*123456789012#

Meng Mailbox aktivéieren

Activez gratuitement votre Messagerie vocale en appelant le 8002 6280 (uniquement depuis votre GSM et uniquement au Luxembourg).

Meng Mailbox illimitéiert opruffen

Fir 1,24€/Mount kënnt Dir Är Mailbox illimitéiert opruffen!

Wéi geet dat, fir dervun ze profitéieren? Fir an den interaktive Menu eranzekommen, musst Dir d’Nummer 444 iwwert Ären Handy wielen, an dann 3 aginn, fir an de Modifikatiounsmenu vum Service ze kommen (all Ännerung vun der Consultatiounsform vun der Mailbox gëtt facturéiert).

Méi iwwert den interaktiven TIPTOP-Menu gewuer ginn

Fir vun Ärem Handy aus am interaktive Menu ze navigéieren, wielt d’Nummer 444 an duerno :

d’ 0 fir Äre Kredit opzeruffen a seng Validitéit gewuer ze ginn

d’ 1 fir eng TIPTOP-Recharge ze benotzen

d’ 3 fir an de Modifikatiounsmenu vum Service eranzegoen an d’TipTop-Servicer einfach ze aktivéieren :

  • SMSmile
  • Forfait 20à8
  • Illimitéiert Consultatioun vun der Mailbox