| MODULE 1 : | Présentatioun vum Apparat an d'Mise en marche Explicatioun vum technesche Vocabulaire Explicatioun vun der Andeelung vum Menu Basis Astellungen |
| MODULE 2 : | D'Schafen a Verwalte vu Kontakter am Répertoire D'Schreiwen, d'Schécken, d'Emfänken an d'Verwalte vun SMSen Froen-Äntwerten |
| MODULE 3 : | D'Ëmleede vun Telefonsgespréicher D'Astelle vun der Zäit De Roaming plus Froen-Äntwerten |
| MODULE 4 : | Praktescht Schaffen |
Dës 4 Modulen daueren +/- 1 annerhalf Stonn. Mir stellen deene Leit déi am Cours matmaachen en NOKIA 6131 Handy zur Verfügung, fir datt si selwer déi verschidden Operatioune maache kënnen an sech mat de Funktioune vertraut maache kënnen.
Mir hunn dëse Modell Handy ausgesicht, well et e Basismodell mat enger gängeger Menustruktur ass, wéi se sech an deene meeschten Apparater présentéiert. Dëse Modell huet och eng Tastatur, déi einfach ze benotzen ass fir Leit, déi net méi grad esou wibbeleg Fanger hunn.
Dës Course ginn normalerweis op lëtzebuergesch gehaal, a mir schaffen enk mat "RBS-Seniorenakademie" an deene meeschten "Club Seniors" am Grand-Duché zesummen. Fir d'Coursen optimal halen ze kënnen, ass d'Zuel vun deenen déi matmaachen op 12 Persoune pro Cours limitéiert. Mir stellen dat ganzt Material (de multimedia Projektor, d'Telefonen) an och e Résumee vum Cours, zur Verfügung.
Dës Formatioun kascht 250€ ttc fir de kompletten Zyklus vu 4 x 1.5 Stonnen
Leyli SCHABER
Formatrice
LUXGSM S.A.
Tel:2462-2298
Gsm:621-555555
E-mail:leyli.schaber@luxgsm.lu