Business Customers Department
entièrement dédié aux professionnels
2462 2400


Aktuelles

Inauguration de la Foire de Printemps - Le Grand-Duc et la Grande Duchesse au stand P&T/LUXGSM - 07/05/2012

visuel_news_260

Le Grand-Duc Henri et la Grande Duchesse Maria Teresa ont visité le samedi 5 mai 2012 le stand P&T/LUXGSM à la Foire de Printemps à l'occasion de l'inauguration de cette foire en présence de nombreuses personnalités du monde politique, économique et social.
Accueilli par MM.Claude Strasser, Directeur Général, Jean-Marie Spaus, Directeur Général adjoint, Marc Rosenfeld et Paul Peckels, Directeurs, le couple grand-ducal, accompagné e.a. par le Ministre de l'Economie, Etienne Schneider, et le bourgmestre de la capitale, Xavier Bettel, a reçu des explications de Luc Welter (chef marketing NewCo) au sujet des nouveautés de la Télé des P&T. Le Grand-Duc et la Grande Duchesse ont ainsi pu découvrir notamment "Zattoo", le nouveau service de streaming vidéo via WiFi permettant d'avoir accès à plus de 40 chaînes de notre offre de base sur différents écrans (mobile, laptop, tablette).

Remise de chèque - Super Quêteur Le Jeu - 01/05/2012

visuel_news_259

Le 26 avril, a eu lieu au siège de la Croix-Rouge une cérémonie de remise de chèques de la part des sponsors du jeu en ligne du « Super Quêteur ». Les trois sociétés partenaires du jeu ont remis chacune leur chèque à Monsieur Jacques Hansen, directeur général de la Croix-Rouge, et à Monsieur Jean-Marc Le Coq, secrétaire général : P&T LUXGSM a à cette occasion remis 1000€ à la Croix-Rouge.
La cérémonie s’est déroulée en présence des partenaires média qui ont contribué à la promotion du jeu, à savoir l’Imprimerie Centrale, Bommerang media, L’Essentiel, GES et zap.lu. La réalisation et la mise en place du jeu ont été faites par la société Mesh et le design par Amandine Goineau. « Super Quêteur, Le jeu » propose depuis le 5 avril 2012 aux personnes disposant d’un compte Facebook de devenir fan de la page Croix-Rouge et de jouer pendant le Mois du Don pour collecter des points.

Nouveau folder - 02/02/2012

visuel_news_258

Découvrez vite nos offres!

P&T/LUXGSM an ebrc kruten zwee ICT Awards 2011 - 05/12/2011

visuel_news_257

Den 1. Dezember 2011 war en exzellenten Owend fir P&T LUXGSM an ebrc bei der Remise vun den ICT Awards 2011: Viru bal 600 Invitéen huet de Jury P&T LUXGSM an ebrc mat zwee Präisser ausgezeechent:

- P&T LUXGSM krut de Präis vum "Telecom & Internet Provider of the Year", an dat schonn déi 5. Kéier hannereneen
- ebrc gouf mam Präis vum "Best Commitment for European Datacenter Services" belount Jidderengem villmools Merci!

Nouveau folder - 01/12/2011

visuel_news_256

Découvrez vite nos offres!

Gamesload - 19/10/2011

visuel_news_255

Gamesload.lu, de Site deen 100% u Spiller consacréiert ass!

Accessibel op Franséisch, Englesch an Däitsch, www.gamesload.lu ass déi nei Goldmine fir Fans vu Spiller.

Et ass fir all Goût eppes dobäi: online Spiller, Aktiounsspiller, Strategie oder Sport. Entdeck se séier op www.gamesload.lu an amëséier dech mat FIFA 2011, Tour de France, Sims, Mafia II, Grand Theft Auto, asw.

Gamesload offréiert dir regelméisseg Promotiounen, géi séier op de Site fir um Maximum dovun ze profitéieren!

Bis ganz geschwë fir garantéiert groussen Amusement!

NEI : Dir krit Äre LUXGSM Kit fir fräihänneg ze schwätzen elo beim Autocenter Goedert installéiert! - 29/07/2011

visuel_news_252

Wat méi fir Iech d’Liewen ze vereinfachen! Gréift elo zou a profitéiert vu :

  1. méi performant Kiten zu den allergënschtegste Preiser
  2. der gesamter Experienz vun den Profien aus dem Autocenter Goedert
  3. der Wiel zwesche 4 Autocenter Goedert Centren fir Äre Montage machen ze loosen

Aweiung vun der neier gemeinsamer Enseigne P&T-LUXGSM zu Miersch - 29/06/2011

visuel_news_251

Vill Gäscht, ënnert denen och de Wiertschaftsminister, Jeannot Krecké, de Buergemeeschter Albert Henkel an de Députéierten Claude Adam sin, waren den 28. Juni 2011 bei der Aweiung vun der neier gemeinsamer Enseigne P&T-LUXGSM zu Miersch dobei. Dës sympathesch Aweiungszérémonie gouf ofgeschloss mat engem Cocktail a Präsenz ënner anerem och vun Représentante vum Personal.

Dir fannt vun elo un di komplett Gamme vun Äre mobil a fix Téléfonies Produkter a Servicer, mee och Internet an Telé, an engem eenzege Geschäft fir e gelongenen high-tech shopping!

Bis geschwënn!

Boost My Business - 27/06/2011

visuel_news_250

Boost My Business ass eng Aktioun, déi zesumme mat Microsoft a senge Partneren organiséiert gëtt, dorënner LUXGSM a P&TLëtzebuerg, mat dem Ziel, d’Stabilitéit an de Gebrauch vum ICT Environnement an de klénge a mëttelgrousse Firmaen an der Belge an zu Lëtzebuerg ze förderen.
 
Et ass immens vill am Spill! D’Firma di gewënnt, kritt eng komplett Schéinheetskur vun enger Valeur vun € 100.000*

Elo an der Phase vun der Ofstëmmung fir di 3 Finalisten vun dësem fantastesche Konkur ze bestëmmen, entdeckt och nach.

Concours HotCity - 11/05/2011

Nom Concours dee vun HotCity organiséiert gouf - LUXGSM ass Partner vun HotCity well mir Iech den Zougang zu allen HotCity Hotspots an eisen Abonnementer iPhone a mySmartphone offréieren - kruten déi glécklech Gewënner en iPad fir den éischte Präis vum Marc Rosenfeld, Generaldirekter vu LUXGSM, iwwerreecht, an e Coffret mat Schéinheetsproduite vun ICI Paris XL.

Félicitatiounen!

LUXGSM ass Haaptsponsor vun der FLF! - 17/03/2011

visuel_news_248

LUXGSM ass stolz de Sponsoring vun der Fédération Luxembourgeoise de Football ze annoncéieren. E Sponsoringkontrakt fir eng Dauer vun 3 Joer gouf de 17. Mäerz zu Monnerech ënnerschriwwen.
LUXGSM ass vun elo un de privilegiéierte Partner vun der FLF an der mobiler Telekommunikatioun.

LUXGSM lancéiert d’Abonnement mySmartphone - 01/01/2011

visuel_news_247

Et war nach ni esou einfach wéi mat mySmartphone fir vun alle Funktionalitéite vun Ärem Smartphone ze profitéieren.

En Abonnement fir all Zorte vu Kommunikatiounen (Uriff, SMS, MMS a mobilen Internet) a wéi ëmmer bei LUXGSM hutt Dir d’Wiel tëschent zou Formulen, L an XL, jee no Ärem Besoin. Klickt hei fir weider Informatiounen ze kréien.

Cadeauen - 02/12/2010

visuel_news_246

Keng Loscht ouni Enn vun engem Geschäft an dat anert ze lafe fir dëst Joer nom perfekte Cadeau ze sichen?

Gidd séier bei LUXGSM: eng komplett Auswiel fir all Goût waart op Iech, vum prepaid Pak dee prett ass fir ze offréieren bis zu de leschte mobilen Tendenzen a prakteschen, flotten oder einfach nëmme chicen Accessoiren!

Hierschtfoire - 20/09/2010

visuel_news_245

Net vergiessen: Wann Dir all d’High-Tech Nouveautéiten kenneléieren an och testen wëllt, fannt Dir eis op der Hierschtfoire an der Luxexpo vum 16. bis den 24.Oktober.
Do gitt Dir alles iwwert d’Produiten an d’Servicer vun LUXGSM an P&T gewuer!

Bis geschwënn!

Selektioun fir d’Rentrée - 15/09/2010

visuel_news_244

Fir d’Rentrée proposéiert LUXGSM Iech eng immens Selektioun zum klengen Präis: den Samsung Mini Player, den LG GD510 Twilight oder och den Nokia 6700, mat dem Iech nach een Bon-Cadeau vun Quick offréiert gëtt, loossen keng Wënsch op!
Äert Kand brauch een Laptop fir gutt an dat neit Schouljoer ze starten: mat myPC maacht Dir him ganz sécher eng grouss Freed!

Dir fannt eis Selektioun hei an am Buttek

myTablet - 15/08/2010

visuel_news_243

myTablet, déi nei komplett Offer vun LUXGSM:

een Touch-Tablet
den Internet Mobile Forfait fir illimitéiert ze surfen
den techneschen Support fir de Fall, dass ech Hëllef brauch

Entdeckt den Tablet Dell Streak, een Multimedia-Apparat mat attraktivem Design: Hei ass en

LUXGSM World Balloon Trophy zu Iechternach - 21/07/2010

visuel_news_242

Déi bescht Pilote vun der Welt wäerte vum Iechternacher Séi aus fortfléien: kommt eis vum 21. bis den 25. Juli besichen a verpasst net den Night-Glow de Samschden 24., eng spektakulär Show mat Toun a Luucht déi en Ëmwee wäert ass!

Loscht op e klenge Virgeschmaach? Dee fannt Dir hei...

En nationalen Élan vu Solidaritéit - 19/05/2010



Fir de villen Affer vum Äerdbiewen op Haiti ze hëllefen haten déi lëtzebuergesch Handysbedreiwer P&T Lëtzebuerg/LUXGSM, Tango an Orange zesummen d’Initiativ geholl fir Appel un hir Clienten ze maache fir de Geschiedegte vun Haiti ze hëllefen.

D'Lëtzebuerger hunn dësen Appel héieren, well net manner wéi 50.000 Euro goufen den Dënschdeg 18. Mee am Ausseministère, an der Präsenz vun der Kooperatiounsministesch, der Madame Marie-Josée Jacobs, un Handicap International iwwerreecht.

Dës Zomm déi duerch surtaxéiert SMSë vun 2€ récoltéiert gouf a vun de lëtzebuergeschen Handysbedreiwer opgerënnt gouf wäert hëllefen d’Kapazitéite vun Handicap International, déi fir vill Joren zu Haiti engagéiert ass, ze verstäerken. Fir d’Rehabilitatioun vun den Haitianer ze ënnerstëtzen huet Handicap International de Bedreiwer proposéiert déi offréiert Fongen direkt fir d’Hëllef un d’Affer vun dësem schlëmmen Äerdbiewen ze benotzen.

Mir soen Iech Merci fir Är Contributioun.

Fréijoersfoire - 12/04/2010



Kommt vum 1. bis den 9. Mee eis Neiegkeeten op der Fréijoersfoire entdecken: déi neiste Laptopen an Handyë waarden op Iech an eis Spezialiste wäerten op all Är Froen äntwerten!

Rendezvous um Stand 9A - bis geschwënn!

Data Roaming - 10/03/2010

Fir Är Dépensë fir Data Roaming Servicer ze maîtriséiere stellt LUXGSM Iech e präventive Mechanismus zur Verfügung deen Iech et erlaabt

  • e finanzielle Plafong pro Mount fir Är Dépensë fir Data Roaming Servicer ze definéieren
  • eng Noriicht per SMS ze kréie soubal Är Dépensë fir Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount no bei 80% vum ausgemaachte finanzielle Plafong sinn
  • eng Noriicht per SMS ze kréie soubal Är Dépensë fir Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount no bei 100% vum ausgemaachte finanzielle Plafong sinn an d’Fourniture vun den Data Roaming Servicer fir den aktuelle Mount ze spären

Dir fannt hei drënner d'Lëscht vun de Commanden déi Dir per SMS op den 64046* kënnt schécke fir de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer fir Är LUXGSM Handysnummer ze géréieren

Dir wëllt Commande per SMS op den 64046* schécken
fir den aktuelle Mount Informatiounen iwwert d’Dépensë fir Data Roaming Servicer kréien I
de präventive Mechanismus mat engem predefinéierte finanzielle Plafong pro Mount aktivéieren oder de finanzielle Plafong pro Mount änneren
   25 € O 25
   50 € O 50
   100 € O 100
   500 € O 500
   1000 € O 1000
Informatiounen iwwert den Zoustand vum präventive Mechanismus kréien S
de Rétablissement vum Data Roaming Service fir den aktuelle Mount ufroen nodeems d’Dépensë dofir fir den aktuelle Mount no bei 100% vum ausgemaachte finanzielle Plafong leien an d’Fourniture vum Data Roaming Service gespaart gouf U
de präventive Mechanismus fir d’Data Roaming Servicer desaktivéieren F


Zum Beispill

Fir de präventive Mechanismus fir Data Roaming Servicer mat engem finanzielle Plafong pro Mount vu 50 € ze aktivéieren, schéckt de Buschstaf "O" mat engem Espace an dono der Zuel "50" per SMS op den 64046*.

* gratis vum LUXGSM Réseau aus

SOS Haïti - 21/01/2010

Fir de villen Affer vum Äerdbiewen op Haiti ze hëllefen hunn déi lëtzebuergesch Handysbedreiwer P&TLëtzebuerg/LUXGSM, Tango an Orange zesummen d'Initiativ geholl fir Appel un hir Clienten ze maache fir de Geschiedegte vun Haiti ze hëllefen..

schéckt „SOS" op den 64900


Déi komplett Recette (2€ pro Message plus d'Käschte vun engem SMS) gëtt fir d'Hëllefsmoosnamen a d'Rekonstruktioun zugonschte vun de Geschiedegte gespent.

Dës Operatioun leeft iwwer zwou Wochen, an zwar bis zum Sonndeg 7. Februar 2010 nach mat.

New Shop - 01/12/2009

Fir d'Feierdeeg huet d'LUXGSM-Boutique aus der Strosbuerger Strooss den Touch&Try-Konzept iwwerholl, dee fir d'éischt an de Boutiquë vun Esch/Uelzecht an am Centre commercial City Concorde zum Asaz koum. Déi lescht Nouveautéite stinn Iech do zur Verfügung, an Dir kënnt se live testen...

Eis Equipe empfänkt Iech elo all Dag, am November an Dezember souguer och sonndes! An enger méi lëfteger a méi praktescher Boutique kënnt Dir elo shoppen, wéi et Iech gefällt.

Kucken ass gutt, probéieren ass besser!

Nokia rappelle certains chargeurs - 11/11/2009

 

Nouveau site LUXGSM - 15/09/2009

visuel_news_231


Méi ergonomesch, méi maniabel awer och méi Kloer a besser strukturéiert: e komplette Site fir einfach alles iwwert d'Welt vum Mobiltelefon erauszefannen, an nach vill, vill méi…

Stay in Touch - 14/09/2009

visuel_news_230




Déi neisten Touchscreens an den Dell Touch fannt Dir bei LUXGSM !

iPhone 3GS chez LUXGSM! - 31/07/2009

visuel_news_225

Vous l'attendiez : l'iPhone 3GS, plus rapide et plus puissant que jamais, est arrivé chez LUXGSM dès ce matin 8h! Pour le lancement, les quantités étant limitées, nous sommes dans l'obligation de limiter les ventes à 1 abonnement souscrit.

Pour plus de détails sur l'offre, c'est ici!

LUXGSM World Balloon Trophy - 29/07/2009

visuel_news_226

Comme chaque année le LUXGSM World Balloon Trophy accueillera petits et grands sur le site du lac d'Echternach du 29 juillet au 2 août, donnant à cette charmante ville des airs de village de vacances le temp d'un long week-end.

Ne manquez pas cet évènement qui tombe à pic pour animer les grandes vacances grâce à ses animations en tout genre dont le spectaculaire Night Glow mêlant vols de montgolfières, sons et lumieres qui aura lieu samedi 1er août au soir et qui fait partie des instants de l'été à ne pas manquer au Grand-Duché!

-40% op all Datenappeller an Europa - 01/07/2009

visuel_news_227

De läschte Mount huet LUXGSM Iech eng Baisse vu 50% um Tarif vun den SMS am Roaming an Europa ugekënnegt1.
Am Juli ass et un der Rei vun den Datenappeller déi fir de Summer méi schlank ginn!

Vum 1. Juli u kënnt Dir vu reduzéierten Tariffer op Datenappeller profitéieren, dat heescht wann Dir iwwert den Handysréseau an engem vun
de Länner vun der Europa-Zon um Internet surft.

1Nëmme valabel fir SMS déi aus dem Handysréseau aus engem vun de Memberlänner vun der

Europa-Zon un Nummeren aus den Handysréseauë geschéckt gi mat deene LUXGSM e Roamingsaccord ofgeschloss huet. Konditiounen am Geschäft.    

2 Nëmme

valabel fir Datenappeller aus dem Handysréseau vun engem vun de

Memberlänner vun der Europa-Zon mat deene LUXGSM e Roamingsaccord

ofgeschloss huet. *Präisser ouni TVA fir e Client mat Prepaid-Kaart.